ERËM DRÄI PUNKTEN

Foto vun Marc Bourkel



19 February 2017

D'Jeunesse gewënnt um Sonndegmëtten mat 2-1 um Verluerekascht géint den RFCUL an hëlt domadder fir d'éischt zanter dem 1. Oktober 2016 erëm dräi Punkten. An der Paus huet et nach net esou gutt ausgesinn, well den RFCUL no engem Goal vum Skrijelj no 24 Minutten net onverdéngt mat 1-0 vir war. Mee D'Awiesselung vum Ken Corral sollt sech als entscheedend  erausstellen, well hien jeeweils déi decisiv Pass bei den zwee Goaler fir d'Jeunesse ginn huet. Patrick Stumpf an der 66. Minutt an den Frederick Kyereh an der 77. Minutt dréinen de Match nach zu Gonschten vun de Schwaarz-Wäissen.

Ze ernimmen, dass et dem Frederick Kyereh säin éischte Goal war. Ervirzehiewen och déi gutt Leeschtung vum jonken Brandon Soares an der Innenverteidegung.

#allezmaer