
ET GEET ERËM LASS
Zum Optakt vun de Réckronn an der BGL Ligue spille mär e Sonndeg, 12. Februar, um 16 Auer um Terrain zu Bascharage géint d'UN Käerjéng. An der Hironn haten déi zwou Equippen sech mat engem 0-0 getrennt. No deene 15 Matcher vun der Hironn si mär op der 7. Plaz vun der Tabell mat 19 Punkten, Käerjéng huet op der Plaz 11 just 4 Punkte manner. Dës Konstellatioun weist schonn dorops hin, dass et en enke Match gëtt a wou d'Ënnerstëtzung vun de Supporter wichteg wäert sinn.Onnéideg ze soen, wéi wichteg e gudden Ufank vun der Reprise fir déi zwou Equipe wier.
Alles e Sonndeg also op Käerjéng, alles a schwoarz-wäiss.
Arbitréiert gëtt de Match vun den Häre Cédric Biever, Joaquim da Silva an Tian Wu Su.
#allezmaer