EUROPA LEAGUE: CHANGEMENT VUM DATUM

Richmond Park, Dublin Foto vun stpatsfc.com



21 June 2016

Den Aller-Match an der Europa League géint St. Patrick's Athletic FC ass 2 Deeg no vir verluecht ginn. E gëtt elo en DËNSCHDEG, 28. JUNI, viraussiichtlech virun 18 Auer Lokalzäit (19 Auer heiheem) zu Dublin ugepaff.

Fir all Supporter, déi wollten op Dublin fléien: Et gëtt am Richmond Park zu Dublin gespillt (125, Emmett Road, Inchicore; Kapassitéit vun 2.000 Zuschauer). Dat soll ronn 20 Minutten mam Auto/Bus vum Fluchhafen ewech sinn a géif relativ zentral léien. Et ginn ënnert anerem Méiglechkeeten vu Lëtzebuerg aus (Luxair), Köln-Bonn (Ryanair), Charleroi (Ryanair) oder Bréissel (Ryanair oder Aer Lingus). Laut Informatioune vum Veräin wiere relativ vill Hotelen no beim Stadion.

De Retourmatch ass am Moment nach um 7. Juli. E Changement kann awer och nach do kommen.