EUROPA LEAGUE, DÉI ZWEET


03 July 2016

Nach manner wéi 48 Stonnen trennen eis vum Retourmatch an der Europa League géint d'Irländer vum St Patrick's Athletic FC. Op der Insel hate mär bekanntlech mat 0-1 verluer, sou datt mer nach all Chancen hunn fir et an den 2. Tour ze packen. En Dënschdeg gi knapp 150 Fans aus Irland erwaart. Mer hoffen, datt och vill Zuschauer a Supporter eis Jeunesse ënnerstëtze kommen, fir datt mir déi Qualifikatioun kenne paken. Hutt der e Schal, en Trikot oder eng Kapp vun der Jeunesse, weist en Dënschdeg är Ennerstetzung fir eis Faarwen.

Den Ustouss ass um 18.45 Auer op der Grenz. Ticketen vun alle Kategorien ginn et nach an den Oweskeesen. Well d'Zuel vun de Parkplazen an der Hiehl limitéiert sinn, recommandéieren mir iech den Auto an de Parking op der Brillplaz ze stellen an dann zu Fouss eriwwer ze kommen. Eng gutt Alternativ zum laang ronderëm fueren an awer näischt fannen. Allez Jeunesse, zesumme kenne mär e weidert Kapitel an der europäescher Geschicht schreiwen. #allezmaer