FELICITATIOUNEN DER JONKER MAMM


31 October 2017

Um Méindeg, dem 30. Oktober, sinn d'Mandy Minella an hire Mann, den Tim Sommer, Eltere vu engem klénge Meedchen, dem EMMA LINA, ginn. "Your first breath took ours away" huet d'Mandy hirem éischte Kand ob Facebook, Instagram an Twitter geschriwwen. D'Jeunesse wënscht eisem Edelfan Mandy, dem Tim an natierlech och dem klengen Emma Lina nëmmen dat Bescht a vill Freed zu drëtt!

D'Foto vun de jonken Elteren huet de Fernand Konnen viru knapp 2 Wochen um Tournoi op der Kockelscheier gemaach.

#allezmaer