FELICITATIOUNEN UN EISE PARTNER STAND INN
27 July 2017
Eisen treie Partner a Sponsor, den Hotel Stand'Inn vu Féiz, war ee vun den éischte 5 Hoteller zu Lëtzebuerg, déi vum Wirtschaftsministère viru kuerzem hier néi Klassifikatioun kruten. Eis Felicitatiounen un d'Directrice, d'Madame Sonia Moreira (lénks ob der Foto) an hier ganz Equipe.
Erënnere mer drun, dass am Hotel Stand Inn e Fanshop vun der Jeunesse ass, an deem ee quasi zu all Zäitpunkt a 7 Deeg an der Woch, ka kucken a kafe kommen. Och an der Summerpaus. Kuckt emol laascht!
#allezmaer