FIORANI A BIERGEN FIR DE SPORTLECHEN DEEL


27 April 2023

An Zukunft wäerten sech mam Alessandro „Pato“ Fiorani an dem Petz Biergen zwee al Bekannter op der Jeunesse em de sportlechen Deel këmmeren. Den Alessandro Fiorani huet vun 2018 bis 2021 op der Grenz fir eis Foarwe gespillt, ier e bei den FC Mamer gewiesselt ass. Ënn der Saison hänkt en d'Schong un den Nol an ass da bei eis am sportleche Beräich aktiv. E mécht dat zesumme mam Petz Biergen, deen no engem kuerzen Ofstiecher op Stroossen zeréck bei sengem Häerzensveräin ass.
Deenen zwee „Bonne Chance“ bei hirer neier Aufgab.
#allezmaer