Frëndschaftsmatch


13 August 2015

An engem Frëndschaftsmatch verléiert eng gemëschten Equipe vun der Jeunesse mat 0:6 zu Näerzéng géint den F91 Diddeleng. An der Paus stoung et schonn 0:3. Zwee Deeg nom Match zu Gréiwemaacher sinn déi 11 Spiller, déi géint den CSG ugefangen haten, geschount ginn. A mat Delgado, Martins an Todorovic hunn och déi dräi Spiller gefeelt, déi bei der Nationalequipe waren. Richteg zielt et an 10 Deeg, wa mär fir de Championnat ob Diddeleng mussen. An da gëtt och mat oppene Kaarte gespillt.