GELEEËNHEET FIR D'REVANCHE


18 March 2023

Um 21. Spilldag reese mär um Sonndeg an de Gréngewald, wou vu 16 Auer un d'US Hueschtert de Géigner ass. Net gären erënnere mär eis un den Allersmatch, dee mär op der Grenz mat 1-2 verluer hunn. Um Sonndeg ass also d'Chance do fir d'Revanche. Mee einfach gëtt et net, well Hueschtert brauch als 15. vun der Tabell all Punkt fir géint den Ofstig.

Nodeem mär virun enger Woch mam Jeff Strasser op eisen Trainer vu leschter Saison getraff war, ass et dës Kéier mam Henri Bossi dee Mann, deen am Ufank vun der Saison bei eis an der Responsabilitéit stoung. 

De Match gëtt geleet vun den Häre Laurent Wilmes, Tom Hansen an Armin Omerovic.

#allezmaer