
GOALGETTER VUN DER JEUNESSE
Mär wëllen Iech informéieren, ween bis elo an dëser Saison d'Goaler fir d'Jeunesse geschoss huet.
A 16 Matcher huet et 23 Mol am Goal vum Géigner gerabbelt.
Beschte Goalgetter ass aktuell den Alexis Larrière mat 7 Goaler, dovunner 2 Eelefmeter.
Duerno kënnt den Demba Seck mat 4 an de Milos Todorovic mat 3 Goaler.
2 Goaler hu bis elo de Luca Duriatti an den Alexandre Arenate geschoss.
An 1 mol markéiert hunn den Irvin Latic, den Almir Klica, de Manu Lapierre an den Adrien Kack.
A wann der matgezielt hutt, da mierkt dir, dass ee Goal nach feelt. Dat war e Selbstgoal am Escher Derby.
#allezmaer