GRATULATIOUN DER NATIONALEQUIPE
D'Jeunesse Esch gratuléiert dem Nationaltrainer Luc Holtz, dem ganzen Trainerstaff an natierlech an éischter Linn de Spiller fir déi fantastesch Leeschtung an de lëschten Deeg. Den 1:0 géint Wäissrussland as um Sonndegowend nach vum 0:0 géint Frankräich getoppt ginn. Felicitatiounen! Ganz besonnesch och eise Spiller Marvin Martins a Ricky Delgado, déi zum Kader gehéieren.