GRENZBOX GEINT ETTELBRECK


24 March 2021

Fir eisen Match géint d'Etzella, op Ouschterméinden den 05/04/2021, proposéiren mär déi drëtt Editioun vun der Grenzbox.
Fir ze bestellen musst Där een Mail op grenzbox@gmail.com schreiwen. Deelt eis Ären Numm, Ären Virnumm, Är Adress an Är Telefonsnummer mat. Soot eis wéivill Boxen Där gären hätt an ob Där bor oder per Digicash bezuelt. D'Box kann op der Grenz oofgeholl ginn oder mär liwweren se (béides zwëschen 10h00 an 12h00).
Leschten Délai fir d'Commande ass den 01/04/2021 um 12h00.
D'Iessen ass esou verpaakt, dass ët just muss gewiermt ginn.