HAUT ASS E GUDDEN DAG FIR GESCHICHTE ZE SCHREIWEN


05 July 2016

An der europäescher Geschichte vun der Jeunesse ass et nach net oft virkomm, datt den zweeten Tour vun enger Competitioun erreecht ginn ass. Den Owend hu mär awer d'Geleeënheet, dat ze packen. No der knapper 0-1-Defaite am Allermatch vun der Europa League zu Dublin géint St Patrick's Athletic hu mär nach 90 (oder 120) Minutten Zäit fir dat Resultat nach ëmzedréinen. An d'Leeschtung aus der 2. Halbzeit an Irland mécht och Courage, datt dat ze packen ass. Hëlleft de Jongen a kommt se den Owend op de Match ënnerstëtzen. Ab 18 Auer soll d'Wieder ganz agreabel ginn, sou datt engem flotten Owend näischt méi am Wee stoe soll. Ustouss um 18.45 Auer. Et sinn nach Kaarte vun alle Katgeorien do.

‪#‎allezmaer