HAUT DEN OWEND NEI EMISSIOUN VU JEUNESSE TV


15 November 2016

Fir d'Paus bis bei den nächste Match an der BGL Ligue ze verkierzen, kenne mir iech haut um Dënschdegowend déi nei Emissioun vu Jeunesse TV recommandéieren, déi hier Premiere um 19.40 Auer um "dok - den oppene Kanal" huet.

An dëser Emissioun erzielt de Sportminister Romain Schneider ënnert anerem vun der Zäit, wou hie géint d'Jeunesse gespillt hutt, dir gitt gewuer wien an de Vestiairë vun der 1. Equipe fir d'Musek zoustänneg ass an d'Jeunesse spillt géint Juventus Turin. Wat et domadder op sech huet? Kuckt eran.

DIFFUSIOUNSZÄITEN

Dënschdeg, 15. November um 19.40 an 23.40 Auer.

Mëttwoch, 16. November um 17.10 Auer.

Donneschdeg, 17. November um 19.40 an 21.35 Auer.

Freideg, 18. November um 20.30 Auer.

Samschdeg, 19. November um 18.35 an 23.30 Auer.

Sonndeg, 20. November um 11.50 an 18.40 Auer.

Vill Spaass!