INTERVIEW MAM MILOS TODOROVIC VIRUN DER RÉCKRONN


10 February 2023

E Sonndeg geet an der BGL Ligue Réckronn un. 15 Matcher bléiwen nach um Programm. Aktuell léit d’Jeunesse mat 19 Punkten op der 7. Plaz ënnert 16 Equipen. D’Jeunesse spillt e Sonndegum 16 Auer zu Käerjéng. De Milos Todorovic, de Kapitän vun der Equipe, huet eis e kléngen Interview ginn.
Milos, wéi ass d’Virbereedung op d’Réckronn verlaf?
D'Virbereedung war ganz positiv wat en och un de Resultater vun de Frëndschaftsmatcher geséit, wou mär der 4 gewonnen hunn a just 1 mol gläichgespillt. Leschte Weekend géint Stroossen hu mer gewisen, dass mer an enger gudder Form sinn. Nom Trainerwiessel am November, wou mer kuerzfristeg net vill changéiere konnten, hate mer elo 5 bis 6 Woche fir d'Ideen vum neien Trainer ëmzesetzen an ze trainéieren.
Wéi hunn sech déi zwee nei Spiller, den Ahmed Mogni an den Alexandre Ariente, integréiert?
Si hunn sech relativ gutt integréiert a fille sech och scho wuel, Am leschten Trainingsmatch géint Stroosse konnt e gesinn dass se Qualitéiten hunn, mat deenen se eis am Offensivberäich weiderhëllefen. Mat hinne misste mär e puer Goaler méi schéisse kënnen wéi an der Hironn.
Wat sinn d'Ziler fir an der Réckronn?
Wéi scho virun der Saison gesot kucke mär fir esou schnell wéi méiglech genuch Punkte gesammelt ze hunn fir an der BGL Ligue ze bléiwen. Mär hunn elo déi 1. Matcher lauter Géigner, déi an der Tabell hannert eis stinn. Wa mär do genuch Punkte sammelen, kenne mär duerno vu Match zu Match kucke wat méiglech ass.
Wéi gesäis du de Match géint Käerjéng?
Mir ginn op Käerjéng fir 3 Punkten ze huelen. Käerjéng léit 4 Punkten hannert eis an der Tabell a mir probéieren den Ofstand méi grouss ze maachen. Géint e Géigner, deen hannert eis an der Tabelle steet, ass verléiere verbueden. Souwisou ass an dësem Championnat géint al Géigner eppes méiglech, och wann et géint Hesper an Diddeleng méi schwéier gëtt, well déi a mengen Aen op engem anere Level spillen.
Merci fir den Interview Milos a bonne Chance fir e Sonndeg.
(c) Foto: Albert Krier