KEE GUDDEN OWEND


05 May 2023

Mär verléieren och de Retourmatch géint Mondorf an dat viru knapp 450 Zuschauer mat 0-2. Dat war och d'Resultat an der Paus. Mondorf war net vill besser wéi mär, huet awer méi e grousse Wëllen un den Dag geluecht soudass hier Victoire verdéngt ass. No net emol 3 Minutte ware mär duerch e Selbstgol hannen, ier Mondorf no ronn 30 Minutten op 2-0 erhéicht huet. Hate mär virun der Paus nach 2 gutt Goalchancen, ass de Match no der Paus ëmmer méi verflaacht a mär konnten eis guer kéng gutt Goalchance méi erausspillen.

An der Tabelle hu mär virun de Matcher vun e Sonndeg schon eng Plaz verluer.

Mär hu gespillt mat Sommer, Lapierre, Boury, Todorovic, De Taddeo, Besch (46. Arenate), Soares, Larrière (78. Deidda), Mogni, Seck (73. Deruffe), Klica.

Nach op der Bänk soutzen Silvestre a Meireles.

Giel Koarte kruten Seck, Larrière a Boury.

E Sonndeg, 14. Mee, spille mär doheem géint den Swift Hesper.

#allezmaer