LÄNNERMATCHER FIR DE MOGNI


16 March 2023

Eise Stiermer Ahmed Mogni, dee wärend der Wanterpaus bei eis gewiesselt ass, gouf vun de Komoren fir déi zwee Lännermatcher géint d'Côte d'Ivoire de 24. Mäerz zu Bouaké an den 28. Mäerz zu Moroni nominéiert. Et sinn dës zwee Qualifikatiounsmatcher fir déi nächst Coupe d'Afrique des nations (CAN).

Den Ahmed Mogni huet nieft der franséischer Nationalitéit och déi vun de Komoren. 2021 haten d'Komore sech fir d'CAN qualifizéiere kënnen.

Bonne chance pour cette double confrontation internationale Ahmed!

D'Foto ass vum Albert Krier.

#allezmaer