LESCHT NEWS


30 May 2021

Den Match vun eisen Jongen den Mëtten um 16h00 ass SOLD OUT. Et ginn keng Keesen méi op! 
 
Fir een optimalen Ooflaaf vum Match ze garantéiren, gëllen folgend Saachen:
 
- Den Terrain ass an 2 gedeelt, Secteur A an Secteur B (Foto)
 
- All Secteur ass nach eng Kéier an eng Säit Tribune an eng Säit Gradins opgedeelt
 
- D‘Supporter vum Géigner mussen onbedingt d‘Entrée vum Secteur B an der rue des Sports benotzen, sie sëtzen zesummen op den Gradins B, op hiren Ticket‘en steet näicht drop
 
- Leit mat Billet‘en am Secteur B - Tribune benotzen och d‘Entrée rue des Sports, op hiren Billet‘en steet B resp. TB drop
 
- Leit mat Billet‘en am Secteur A (Tribune oder Gradins) benotzen d‘Entrée rue Renaudin, op hiren Ticket‘en steet een A drop
 
- Nom Match muss jiddereen do erausgoën, wou en erankomm ass
 
Et kann een keng aaner Entrée benotzen, wéi déi, déi um Ticket steet!
 
Weiderhin gëllen folgend Reegelen:
 
- All Persoun muss sëtzen, ët därf een nët laanscht den Terrain stoën
- Et muss eng Distanz vun 2 Meter agehaalen ginn, ausser ët ass een aus engem Stoot
- Während dem ganzen Match mussen medizinësch Masken gedroën ginn, Buffen oder Stoffmasken ginn nët duër
- D‘Buvetten sinn zou
- Persounen ënner massivem Alkohol- oder Drogenanfloss ginn nët erangelooss
- Leit, déi sëch nët un d‘Reegelen haalen, ginn vum Terrain verwisen, resp. mussen dann d‘Forces de l‘ordre geruff ginn
 
Bei wichtëgen Informatiounen haalen mär Ärch hei op Facebook an op Instagram um Laafenden!
 
#allezmaer