LOGESCH DEFAITE ZU HESPER

Foto vun Foto Albert Krier



10 December 2022

Um lëschte Spilldag virun der Wanterpaus verléiere mär mat 0-2 beim FC Swift um Holleschbierg. Mär sinn duerch en ongléckleche Goal no ronn 10 Minutten no hanne komm an doduerch ass d'Aufgab natierlech nach méi schwéier ginn. Wou mär no der Paus e bësse besser an de Match fonnt haten, huet de Stolz no enger Stonn den 2-0 geschoss.

Obschonn d'Equipe sech net opginn huet a par Rapport zum Match zu Munneref e Plus erkennbar war, ass et net méi duer gaange fir d'Resultat bis zum Schlusspëff nach ze verbesseren.

Kuerz viru Schluss huet de Boury mat enger giel-rouder Koart misse vum Terrain. Seng 1. giel Koart war iwwerdriwwen haart, krut en dach do de Ball am Laf widdert den Aarm. Insgesamt sinn et 7 giel Koarte gi vum Här Civovic, dorënner 4 géint Hesper. Ronn 250 Zuschauer waren op engem kale Samschdegnomëtteg um Match.

Eis Equipe: Sommer, Lapierre (83. Dervisevic), Boury, Kack, Bertoux, Besch (63. Duriatti), Todorovic, de Taddeo (82. Larrière), Soares, Klica, Seck

Nach op der Bänk soutzen: Silvestre an Deidda

D'Foto ass vum Albert Krier.

WICHTEG: E Match steet dëst Joer nach aus an dat ass d'Aachtelsfinall vun der Coupe vun de Reserven. Dëse Méindeg spillt  eis U 23 an där Coupe doheem géint déi zweet Equipe géint Dikrech. Upaff ass um 20 Auer um Terrain Op der Grenz. Fir dee wichtege Match wier eisen Nowuess frou iwwert vill Ënnerstëtzung. A bestëmmt ass och d'Buvette op.

#allezmaer