MÄR SINN SOLIDARESCH


17 July 2021

Mär woaren alleguër schockéiert vun den Nochrichten an den Biller iwwert déi schlëmm Iwwerschwemmungen bei eis am Land, awer och an eisen Noopëschlänner. Vill Leit hunn alles verluër an erliëwen groussen Misère. Och eis Fussballfamill ass betraff!
 
Als Jeunesse bidden mär Veräiner, déi geschiëdëgt goufen, resp. aus enger Uërtschaft kommen, déi schlëmm getraff gouf, sëch bei eis op info@jeunesse-esch.lu ze mellen! Mär kommen dann mat eiser éischter Equipe an enger vun deenen nächsten Lännermatchpausen (September, evtl. Oktober) bei Ärch fir een Match ze spillen. D‘Recetten vum Match ginn dann un den betraffenen Veräin oder un d‘Leit aus der Uërtschaft, déi zu Schuëd koumen (Détailler ginn zesummen beschwaat).
 
Mär mellen eis bei all Veräin, deen eis kontaktéiert! Mär biëden awer och ëm Versteesdemëch, dass mär nëmmen en puër Datumer zur Verfügung hunn.
 
Weiderhin vill Courage den Betraffenen!
 
#allezmaer
#angedankenbeiärch
#solidaritéit
#zesummenhaalen