MÄR TRAUEREN EM DEN DAN THEIS

Foto vun fupa



31 December 2022

Leider hält d'Joer net gutt op. Schonn en Donneschdeg huet eis den Dan Theis am Alter vu just 55 Joer fir ëmmer verlooss. Den Dan Theis war e Schwoarz-Wäissen duerch an duerch: Hie war Spiller, Trainer an Directeur sportif op der Grenz. 

En huet 279 Matcher fir d'Jeunesse an der Nationaldivisioun gespillt an dobäi 122 Goaler geschoss. Den Dan Theis gouf mat eis 7 Mol Champion an huet 3 Mol d'Coupe gewonnen; dat ass him och 2013 als Trainer mat „senger“ Jeunesse gelongen. 

Doriwwer eraus huet den Dan Theis och 35 Mol Nationalequipe gespillt. 

Et ass en trauregen Dag fir d'Jeunesse.

Dem Dan Theis senger Famill drécke mär eis déifste Matgefill aus.

#allezmaer

 (C) Foto: Fupa