MARC THEISEN: „80 PROZENT VUM KADER WÄERTE BLÉIWEN“


23 May 2023

Am Kader vum Season Closing e Sonndeg nom Match géint den F91 Diddeleng huet de Präsident Marc Theisen schonn e Bléck an d'Zukunft gehäit. Hei d'Haaptaussoen:
- De Kader vun der Equipe wäert zu 80 Prozent net changéieren.
- Optimismus, dass 3 bis 4 punktuell Verstäerkunge bäikommen.
- Nächst Saison méi no un eng 3., 4. Plaz erukommen.
- De Päischtweekend eventuell scho weider Annoncë wéi den Numm vum neien Trainer oder éischt Transferten.
Da war et awer och den Opruff vum Präsident sech als Benevolen am Veräin ze engagéieren. Net just, mee och am Comité géifen nach Léit gebraucht ginn.
Op der Archivfoto vum Albert Krier gesi mär de Präsident Marc Theisen (r.) am Gespréich mam Escher Buergermeeschter Georges Mischo.
#allezmaer