MERCI JONGEN


20 June 2021

Niëft Vertragsverlängerungen an neien Spiller (sidd op déi nächst Deeg gespaant), verloossen eis awer och deen Een oder Aaneren:
 
- Den Alessandro Fiorani gëtt fir eng Saison an d‘Eirepromotioun bei den FC Mamer 32 ausgeléint. Den Pato huët eis aus privaten an berufflechen Grënn matgedeelt, dass heen en wéineg méi luës trëppelen wëll. Den CA huët deem Wonsch schwéieren Härzens entsprach. D‘Ziel vum CA ass den Pato no sénger aktiver Carrière am Veräin anzebannen. Bis geschwënn op der Grenz!
 
- Den Aldin Dervisevic wiësselt och temporaire bei den FC Yellow Boys Weiler-la-Tour. Bei him sinn ët ähnlech Grënn wéi beim Pato, déi den CA respektéiert an him dowéinst deen Wiëssel erméiglëcht. Bonne Chance Brate!
 
- Den Cédric Soares wiësselt definitiv zréck bei säin Heemechtsveräin US Mondorf-les-Bains. No enger längerer Verletzung versicht heen do nach eng Kéier Fouss ze faassen. Merci an weiderhin eng gudd Besserung!
 
- Den Dany De Sousa gëtt eng Saison bei den Nooper FC Mondercange ausgeléint. Heen soll do vill Spillpraxis sammelen, fir dann an Zukunft eng wichteg Roll bei eis op der Jeunesse ze spillen. Bonne Chance, gëff alles! Mär bauen op Dëch!
 
#theempirestrikesback
#allezmaer
#schwoarzanwäiss
#merci