MESSAGE VUM PRÉSIDENT / INFOS FIR MOAR


07 August 2021

Léiw Supporter,
 
Eng spannend Fussballsaison geet moar un an ëch hoffen nëmmen daat Bescht fir eis gemeinsam Passioun, eis grouss Jeunesse.
 
Den CA huët all néidëg (sanitär) Mesuren geholl fir moar kënnen 1.500 Supporter op der Grenz ze begréissen, dëst an aller Sëcherheet an mat engem gewëssen Confort. Loost eis d‘Grenz zu enger Festung mat der beschter Stëmmung am Land maachen!
 
D‘Aboën sinn dës Woch pünktlëch un Ärch geschéckt ginn. Fir en Sonnden ginn ët awer och nach genuch Ticket‘en an der Kees. Wann Där nach Member wëllt ginn, mellt Ärch bei eis, sou dass Där och bei eventuellen Restriktiounen prioritaire behandelt gidd fir d‘Matcher kucken ze kommen. Kommt mär probéiren eis Zuël un Abonnementer ze verduëbelen, ëch mengen just d‘Jeunesse kann daat färdëg bréngen.
 
D‘Jeunesse huët déi treist Supporter an ëch hoffen dass all Match vill Leit do sinn fir eis Spiller ze ënnerstëtzen, fanatësch Supporter sinn den 12. Mann an ginn dem Fussball een aanert Gefill.
 
Eis Supporter sinn eis Stärkt, Där sidd eis Stärkt!
 
Bis moar!
 
Manthos Poulinakis
 
Moar um 16h00 ass den FC RM Hamm Benfica bei eis op Besuch.
 
Déi 2 Entrée‘en op der Grenz sinn op. Kommt mat Zäit op den Terrain!
 
1.500 Supporter sinn ënnert dem CovidCheck-Régime (3G = Genesen, Geimpft, Getest) zougeloos. Bréngt w.ë.g déi néidëg Preuven mam QR-Code mat.
 
PCR-Tester nët méi aal wéi 72 Stonnen an zertifizéiert Schnelltester nët méi aal wéi 48 Stonnen sinn erlaabt. 
 
Een Schnelltest kann och op der Plaatz virun der Entrée gemaat ginn, an d‘Enceinte därf een awer eréicht mat negativem Resultat. Mär hunn keng Tester, Där musst Ären Test matbréngen. Zousätzlëch ginn dës Leit an eng Lëscht angedroën am Fall wou Infektiounsketten mussen noverfollëgt ginn.
 
Loost eis e wéinëg Disziplin weisen fir dës Saison esouvill wéi méiglëch gemeinsam op der Grenz ze feieren!

Als Bonbon ginn ët moar am Fanshop 50% op alles!
 
#theempirestrikesback
#allezmaer
#optakt
#zesummen