MIR BEGRÉISSEN DE PINNA OB DER GRENZ


21 April 2016

Mär freeën eis fir mam Giancarlo Pinna e 7. neie Spiller an der neier Saison däerfen ob der Grenz ze begréissen. De Giancarlo kennt wéi och scho Lapierre, Stumpf a Mertinitz vum RM Hamm Benfica. En ass 27 Joer an Däitsch-Italiener. Och wann hien e Mëttelfeldspiller ass, sou koum en beim RMHB fir d'lescht an der Verteidegung zum Asaz. Ier de Giancarlo ob Lëtzebuerg komm ass, huet hien an Däitschland ënnert anerem bei Waldhof Mannheim an dem FC Homburg gespillt. En huet fir 2 Saisonen ënnerschriwwen.



Benventuo in Esch Giancarlo!