NACH E PUER PUNKTEN


01 April 2023

Um 23. Spilldag spille mär e Sonndeg zu Stroossen géint den FC Una. Genee wéi mär wëll och Stroossen sou séier wéi méiglech näischt méi mat engem méiglechen Ofstig ze dinn hunn an ass dofir nach op den een oder anere Punkt aus. Mär sinn awer net gewëllt d'Punkten dozeloossen a kucken de Maximum mat op Esch bréngen. Stroossen ass besser wéi déi aktuell Tabelle et ausseet (10. mat 26 Punkten an domadder 6 Punkten hannert eis), sou dass ee vun engem equilibréierte Match muss ausgoen. Derbäi kënnt, dass Stroossen Revanche well fir d'0-2 Defaite am Allersmatch.

Villäicht kann d'Ënnerstëtzung duerch eisen "12. Mann" moar den Ausschlag ginn.

Arbitter vum Match sinn déi Häre Sergio Rodrigues, Paulo Ascencao Coelho a Kevin Mangen.

#allezmaer