OPPASSEN: MATCH GÉINT RM HAMM BENFICA DËSE FREIDEG SCHONN


10 May 2016

Eise leschten Heemmatch fir des Saison gëtt schonn dëse Freideg um 19.30 Auer gespillt. Wéinst dem Päischtweekend huet d'FLF d'Matcher vun de Senioren nämlech em zwee Deeg virverluecht. Géigner an dësem wichtege Match ass den RM Hamm Benfica. Et ass dat fir eis e ganze wichtege Match, well et am Fall vun enger Victoire ganz gutt ausgesäit, datt mer déi 4. Plaz bis zum Enn vun der Saison verteidege kënnen. Méi wei jee géifen d'Spiller sech dofir iwwert de Public als 12. Mann freeën.

Fir dëse wichtege Match ass decidéiert ginn, datt d'Damen freien Entrée hunn! Mir erënneren nach emol drun, datt Kanner bis 16 Joer gratis erakommen an datt Studente vun allem Alter, déi eng valabel Carte d'Etudiant derbäi hunn, zu engem Preis vun nëmmen 3 Euro erakommen!

A mir kënnen iech elo schonn eng weider Iwwerraschung fir dëse Match ukënnegen! Dofir kommt an den nächste Stonnen an Deeg regelméisseg laanscht kucken.