OPPENE BRÉIF VUN DER JEUNESSE ESCH


29 November 2016

De Comité vun der Jeunesse Esch gesäit sech gezwongen, op verschidden Ënnerstellungen an Onwourechten, déi a leschter Zäit vun engem Presseorgan verbreet ginn, ze reagéieren.



Jo, mir alleguerten am Veräin, Comitésmemberen, Supporter, Frënn a Spiller wiere frou, wa méi Punkten um Konto wiere wéi dat elo de Fall ass.



Jo, d'Jugendaarbecht ass an der rezenter Vergaangenheet negligéiert ginn. Dat ass net gutt.



Mee mir wieren eis géint absolut eesäiteg Kommentarer a Pamphleter, déi als eenzegt Zil hunn, d'Jeunesse als Club an als Famill ze diskreditéieren.



All Fussballkenner wëssen, datt d'Jeunesse a finanzieller Hisiicht net ka mat deene ganz grousse Veräiner hei am Land mathalen, déi zu groussen Deeler vu Mäzenen ënnerstëtzt ginn. Trotzdem huet d'Jeunesse et gepackt, sech an de leschten 12 Joer 7 Mol fir eng Coupe d'Europe ze qualifizéieren, an dat och am Konkurrenzkampf mat Clibb, déi zum Deel vill méi Geld zur Verfügung hunn. Derbäi komm ass e Championstitel an eng Coupe de Luxembourg. Wann een dann nach vu kontinuéierlechem Niddergang schwätzt an dat ëmmer erëm, schéngt schlechte Welle mat am Spill ze sinn. Genee wéi wann ee schreift, d'Zuschauerzuelen op der Grenz wieren net exakt. Mir invitéieren déi resp. Léit gären, sech eng Kéier mat an d'Keessenhaisercher ze setzen an ze zielen. Mir sti fir Nofroen ëmmer zur Dispositioun. Allerdéngs ass dëss Offer a leschter Zäit wéineg an Usproch geholl ginn. Scho guer net vun deem Journalist, deen der Jeunesse elo well soen, wéi se et ze maachen huet.



D'Jeunesse huet um Sonndeg mat A. Deidda, R. Delgado, M. Martins, D. Soares an M. Todorovic mat 5 Spiller aus der eegener Jugend gespillt. Dat ass aktuell an der BGL Ligue eenzegaarteg. Eng positiv Nouvelle wou een den Androck huet, datt se vun de selwechte Léit bewosst ënnerschloe gëtt. Déi Jongen hunn alleguerte manner wéi 23 Joer an d'Zukunft nach virun sech. Jidderee versteet, datt et do nach heiansdo un Experienz feelt. Dat ass awer kee Grond, fir déi ganz Equipe ze verdamen.



Grad an der Jugendkommissioun leeft hannert de Kulissen am Moment ganz vill an de Veräin stellt sech do erëm op, wéi et enger Jeunesse wierdeg ass. Jiddereen, deen an engem Veräin aktiv ass, weess, wéi vill Zäit een all Dag muss investéiere fir vill Aarbecht, déi een no baussen net gesäit. Bei engem grousse Club wéi der Jeunesse, wat e mat 10 Jugendequipen an 2 Seniorsequipen nach ëmmer ass, natierlech och. All Club huet Schwieregkeeten, fir bénévol Mataarbechter ze fannen. Well et ni e Merci gëtt. Par contre sinn ëmmer vill Léit do, déi wëssen, wéi et besser geet, ouni awer selwer eng Hand mat unzepaken.



Esou Artikelen, wéi se an de leschte Wochen ëmmer méi oft vir komm sinn, déi just réng destruktiv Aussoen zum Inhalt hunn an et un all Sachlechkeet feele loossen, droen net dozou bei, datt d'Léit sech motivéiere loosse fir eng Hand mat unzepaken. Egal op op der Jeunesse oder soss enzwousch an engem Veräin. D'Medien hunn an deem Punkt och eng Verantwortung ze droen, iwwert déi se net einfach ewech kucke kennen.



Mir sinn dofir houfreg op der Jeunesse, datt nach ëmmer vill Léit trei zum Veräin stinn. Och a manner schéinen Zäiten. Wann e Veräin sech net beweegt, bleift e stoen. D'Jeunesse beweegt sech am Moment vill. Net all Resultat kennt vun haut op moar. Léit, deenen hiert eenzegt Ziel et ze si schéngt, aneren duerch Onwourechte Knëppelen tëschent d'Been ze werfen, brénge weder d'Jeunesse nach den nationale Fussball nach de Sport hei am Land weider.



#allezmaer



De Comité vun der Jeunesse Esch