POWER FIR AM UGRËFF


31 January 2023

Fir d'Réckronn verstäerke mär eis mat zwee Stiermer. Enn dovunner ass en Nationalspiller, deen 2021 bei der Coupe d'Afrique des Nations derbäi war!

Den Ahmed Mogni huet 31 Joer a spillt am offensive Mëttelfeld oder op enger Bande. Fir d'lëscht stoung e beim FC Annecy ënnert Kontrakt an hien huet nieft der franséischer Nationalitéit och déi vun de Komoren,fir déi e scho 24 Matcher gespillt huet.

Den Alexandre Arenate ass den zweeten neie Spiller fir an de Stuerm. De Fransous vu 27 Joer huet fir d'lëscht an der Belsch bei Solières Sport Goaler geschoss. A senger Jugend huet en ënnert anerem fir de Paris SG gespillt.

Vun hinnen zwee erhoffe mer eis e Koup Goaler.

Bienvenue à la Jeunesse Ahmed et Alexandre!

#allezmaer