REMINDER - MOAR ASS MATCHDAG


14 September 2017

Mär spillen eise 6. Championnatsmatch dës Saison scho moar Freideg um 20 Auer um Cents géint den RM Hamm Benfica. D'Jongen hu mat 4 Victoiren aus den éischte 5 Matcher a mat scho 15 geschossene Goaler verdéngt, dass se och bei manner guddem Wieder eng maximal Ënnerstëtzung kréien. Mat weideren 3 Punkten géife mer definitiv un der Tabellespëtzt drubléiwen. Dofir: Moar Freideg alles ob den Cents

#allezmaer