REVANCHE GEGLÉCKT


19 March 2023

Mär gewannen um 21. Spilldag an der BGL Ligue mat 1-0 zu Hueschtert an huelen eis domadder déi 6. Plaz an der Tabell zeréck. Gläichzäiteg war et d'Revanche fir d'1-2 Defaite am Allersmatch op der Grenz. 

De Goal vum Dag huet de Lapierre no 25 Minutten no enger ganz schéiner kollektiver Aktioun geschoss. Eng Victoire déi absolut an d'Rei geet, sou iwwerleeë ware mär. Eenzege Manko gëschter am Gréngewald war, dass mär kéng vun eise ville Goalchance genotzt hunn fir en 2. Goal ze schéissen. Richteg geféierlech ass et op der Géigesäit virum Goal vum Kevin Sommer awer net ginn.

Mär hu gespillt mat: Sommer, Lapierre, Meireles (80. Besch), Todorovic, de Taddeo, Klica, Latic, Soares, Mogni, Deruffe (77. Seck), Arenate (85. Larrière)

Nach op der Bänk waren de Silvestre an den Deidda.

Déi eenzeg Giel Koart géint eis huet den de Taddeo krut. 

Wéinst der Lännerspillpaus ass nächste Sonndeg kee Championnatsmatch. En Donneschdeg gëtt awer vun 19.30 Auer un zu Nidderkuer e Frëndschaftsmatch gespillt.

Den 22. Spilldag an der BGL Ligue ass op e Mëttwoch, den 29. Mäerz geluecht ginn. Mär erwaarden deen Dag owes um 8 Auer de Besuch vum RFCUL.

#allezmaer