RIP PEDRO CATALINA


10 August 2017

D'Jeunesse muss engem echten Jeunesser Äddi soen. Vill ze vill fréi huet de Pedro Catalina eis no enger schwéierer Krankheet verlooss. De Pedro war e Schwoarz-Wäissen duerch an duerch. Vun 1981 bis 1984 huet hien an der 1. Equipe gespillt a war duerno während laange Joren Jugendtrainer bei der Jeunesse. Och verschidde vun eisen aktuelle Spiller aus der 1. Equipe hu bei him hier 1. Schrëtt mam Ball gemaach.

Pedro, d'Jeunesse an hier Spiller wäerten dech net vergiessen. Maach et gutt!