SCHONN UM FREIDEG GÉINT MONDORF


04 May 2023

3 Spilldeeg viru Schluss vum Championnat léie mär mat 39 Punkten op der 7. Plaz am Klassement, just 2 Punkten hannert dem 5., mee och just 4 Punkte virum 10. Op de Plaze 6 (Déifferdeng), 7 an 8 (Mondorf) sinn d'Equipe souguer punktgläich. Um Freidegowend spille mär eben um 20 Auer op der Grenz géint Mondorf, géint déi mär an der Hironn mat 1-3 verluer haten. Bei enger Victoire hätte mär net just eng Revanche geholl, mee och d'Grenz vun de 40 Punkte geknackt an op mannst mol déi 7. Plaz verdeedegt. Dat wier besser wéi d'lescht Saison.

Et ass dëst iwwregens den 1. vun enger Serie vun 3 Heemmatcher.

Arbitter ass de Frank Bourgon, op de Säitelinne stinn de Joaquim da Silva an de Yannick Mentz.

De Ball vum Match gëtt gestëft vum Här an der Madamm Chris Baltes an dem Här Marco Schockmel. Hinnen e grousse Merci!

#allezmaer