SCHONN UM MËTTWOCH ERËM CHAMPIONNAT


28 March 2023

Den 22. Spilldag vun der BGL Ligue gëtt mat enger Ausnam integral schonn dëse Mëttwoch gespillt. Um 20 Auer spille mär op der Grenz géint de Racing Lëtzebuerg. D'Stater Equipe léit no zwou onerwaarten Defaiten noenee mat 35 Punkten op der 5. Plaz an der Tabelle an domadder just 1 Plaz virun eis (31 Punkten). Bei enger Victoire kënne mär eis weider no vir orientéieren; allerdéngs wäerten d'Gäscht alles probéiere fir dass hier Negativserie en Ënn fënnt. Wa mär verléieren, riskéieren mär allerdéngs direkt 2 Plazen am Klassement ofzerutschen. Et kann een sech also op e spannende Match astellen.
De Ball vum Match gëtt gestëft vun de Spiller vun der 3. Equipe vun der Jeunesse an dem Laurent Schüssler, engem laangjärege Frënd vum Veräin. Hinnen e grousse Merci!
Dann erënnere mär awer och nach un eisen Afterwork (mat Happy Hour a Musek), dee vun 18 Auer un an der Verlängerung wäert sinn.
De Match gëtt geleet vun den Häre Ricardo Morais, Kai Schmitz an Daniel Moreira.