
SUDDERBY
Haut um 16h00 ass den F91 Diddeleng bei eis op Besuch.
Déi 2 Entrée‘en op der Grenz sinn op. Kommt mat Zäit op den Terrain!
1.500 Supporter sinn ënnert dem CovidCheck-Régime (3G = Genesen, Geimpft, Getest) zougeloos. Bréngt w.ë.g déi néidëg Preuven mam QR-Code mat.
PCR-Tester nët méi aal wéi 72 Stonnen an zertifizéiert Schnelltester nët méi aal wéi 48 Stonnen sinn erlaabt.
Een Schnelltest kann och op der Plaatz virun der Entrée gemaat ginn, an d‘Enceinte därf een awer eréicht mat negativem Resultat. Mär hunn keng Tester, Där musst Ären Test matbréngen. Zousätzlëch ginn dës Leit an eng Lëscht angedroën am Fall wou Infektiounsketten mussen noverfollëgt ginn.
Loost eis e wéinëg Disziplin weisen fir dës Saison esouvill wéi méiglëch gemeinsam op der Grenz ze feieren!
Et gëtt och haut een Special um Grill, kommt laanscht!
#theempirestrikesback
#allezmaer
#sudderby
#motivatioun