TEST GÉINT D‘USM
Foto vun Albert Krier
16 July 2021
Den Owend um 19h30 spillen eis Jongen op der Grenz géint d’US Mondorf. Eisen Trainer trëfft op d‘Equipe aus sénger Heemëchtsstaad.
Fir dësen Match sinn 300 Zuschauer ënnert dem Régime vum CovidCheck (Genesen, Getest, Geimpft = 3G) zougelooss. Bréngt w.ë.g déi néidëg Noweiser mam QR-Code mat. Eng kleng Unzuël un Schnelltester ass an der Entrée disponibel. Déi éischt sinn vir, an wann den Maximum un Zuschauer erreecht ass, mussen mär zoumaan.
D‘Entrée rue des Sports ass op!
Bis den Owend!
#theempirestrikesback
#allezmaer
#allesginn
#bäissen