THOMÉ NEIEN TRAINER OP DER JEUNESSE


07 June 2023

Den CA vun der AS La Jeunesse d'Esch freet sech matzedeelen, dass de Marc Thomé nächst Saison Trainer vun de Schwoarz-Wäisse gëtt. De Marc Thomé gëtt an däer Tâche ënnerstëtzt vun Arnaud Bordi (Co-Trainer) an Daniel Goedert (Video-Analyst). D'Positioun vum Goalkeepstrainer ass aktuell nach vakant. De Christoph Schesniak huet nämlech eng nei Erausfuerderung ugeholl an ass bei d'FLF gewiesselt.

De Marc Thomé war scho vun 2017 bis 2019 Trainer op der Escher Grenz a war vun 1989 bis 1992 Spiller bei eis.

D'Virbereedung op déi nei Saison geet a knapp 14 Deeg schon unn.

Mär wënschen dem Marc „Bonne Chance“ op der Grenz an dem Christoph alles Gutts bei der FLF.

D'Archivfoto ass vum Albert Krier

#allezmaer