TICKETNEWS


26 May 2021

Fir eisen Match en Sonnden kruuten mär haut den Accord 500 Persounen op den Terrain ze loossen (Spiller, Staff an Zuschauer zesummengerechent).
 
Dofir organiséiren mär fir eis Abonnenten een Virverkaaf. Pro Abo kann een Ticket oofgeholl ginn. Dësen ass gratis, mais den Abo muss virgewisen ginn. En plus muss een sëch ausweisen kënnen (Carte d‘identité, Pass, Carte de séjour, etc.). Fir een eventuellen Tracing brauchen mär och eng Telefonsnummer.
 
Och Member kënnen een Ticket mat der normaler Reductioun kaafen.
 
Dowéinst ass d‘Kees an der Rue des Sports op:
 
27.05. vun 17h45 bis 19h15
 
28.05. vun 17h30 bis 19h00
 
Sollten dono nach Tickets do sinn, gëtt nach een normalen Virverkaaf gemaat.
 
Reservatiounen iwwert Facebook oder Mail ginn nët ugeholl an och nët beäntwert. 
 
En Sonnden virum Match ginn keng Keesen op.
 
Weider Infoën kommen no.
 
#allezmaer