TICKETNEWS FIR DEN MATCH GEINT PEITENG


13 May 2021

En Sonnden um 18h00 spillen mär op der Grenz géint d'Union Titus Péiteng. Fir desen Match sinn duerch déi aktuell sanitär Mesuren maximal 150 Zuschauer zougelooss.
All Abonnent, deen beim Match dobäi wëll sinn, kann een Mail mat Numm, Virnumm an Adress op info@jeunesse-esch.lu schécken. Zougelooss sinn déi Supporter, déi hiren Abo bis den 01.05.2021 bezuelt haten. Leit mat enger Memberskoart vun 10 EUR kënnen aktuell net berécksiichtegt ginn. Den leschten Delai fir sech ze mellen ass en Freiden um 20h00. Pro Abonnent kann een Ticket ugefrot ginn.
Sollten méi Ufroen virleien, wéi Ticket’en zur Verfügung stinn, dann gëtt en Samsden ënner allen Réckmeldungen geloust, wien en Sonnden dobäi kann sinn.
Weider Infoen kommen no.