TICKETNEWS FIR WOLZ

Foto vun FC Wooltz 71



11 August 2021

Fir eisen Match zu Wolz en Samsten um 18h00 am Stade am Pëtz kréien mär vun der Lokaléquipe 150 Ticket'en zur Verfügung gestallt, déi moar den Owend zwëschen 17h00 an 19h00 an der Kees an der rue des Sports verkaaf ginn.

Et ginn keng Reservatiounen ungeholl. Sollt eisen Kontingent nët ganz verkaaf ginn, dann ginn mär déi iwwrëggebliwwen Ticket'en zréck op Wolz.


Ob, an ënnert wéiengen Konditiounen, nach Ticket'en zu Wolz den Daag vum Match disponibel sinn, communiquéiert d'Lokaléquipe iwwert hir Kanäl.