TRANSFERTNEWS


30 January 2022

TRANSFERTNEWS
 
Den CA vun der Jeunesse deelt folgend Personaldécisiounen mat:
 
- Den Kontrakt vum Brice Tutu (24) gouf am géigensäitëgem Anverständnis opgeléist. Den Brice huët 6 offiziell Matcher bei eiser éischter Equipe gemaach, an huët zu Rouspert déi giël-rout Koart gesinn. Heen woar un kengem Goal bedeelëgt. Mär wënschen him bonne Chance fir séng weider Carrière.
 
- Den Kontrakt mam Bilal Hadraoui (22) gouf opgeléist. Heen huët 8 Matcher fir eis éischt Equipe gespillt. Mär wënschen him bonne Chance fir den Rescht vun sénger Carrière.
 
- Den Alexis Boury (20) verléisst den Veräin an Richtung Frankräich. Den Alexis huët an 3 Joër 25 offiziell Matcher an der éischter Equipe gespillt. An 935 Minutten haat heen eng Golbedeelegung an kruut 5 giël Koarten. Dës Saison stoung heen an Championnat an Coupe just 7 Minutten um Terrain. Bonne Chance Alexis!
 
 - Den Dylan Meireles (24) gëtt bis den Summer bei den FC Blo-Wäiss Medernach an d'Promotioun ausgeléint. Heen soll do Spillpraxis kréien. Heen huët dës Saison 20 Minutten an der Coupe zu Biëles gespillt.
 
Weider Infoën kommen no!
 
#allezmaer
#theempirestrikesback