UM SAMSCHDEG GÉINT MONNERECH


03 March 2023

Um 19. Spilldag huet d'Jeunesse hiren zweeten Auswäertsmatch noeneen. Schonn um Samschdeg spille mär um 18 Auer beim FC Monnerech.

Monnerech steet momentan op der 11. Plaz vun der Tabell mat 17 Punkten. Domadder léien si 1 Punkt virun enger Barrageplaz a just 2 Punkte virum direkten Ofstig. Si stinn also géint eis mam Réck zur Wand a mussen unbedingt punkten. Fir eis ass dee Match ëmsou méi schwéier, well ënnert anerem mat Kack a Larrière déi zwee blesséiert Spiller vum leschte Weekend feele wäerten.

Déi schwéier Ausfäll mussen als Kollektiv gutt gemaach ginn. D'Supporter kënnen dobäi eng wichteg Roll spillen. Erënnere mär drun, dass an der Hironn d'Punkte beim 1-1 gedeelt goufen. 

Arbitter vum Match ass den Här Sgura, dee vun den Häre Morim an Omerovic assistéiert gëtt.

#allezmaer