UM SAMSCHDEG ZU HESPER


09 December 2022

Am leschte Match virun der Wanterpaus spille mär schonn dëse Samschdeg um Holleschbierg zu Hesper um 16 Auer géint den FC Swift. Géint eng vun den zwou stäerksten Equippen hei am Land e Match wäerte mär just Outsider sinn. Trotzdeem musst et d'Zil sinn, fir op mannst 1 Punkt mat heem ze huelen. Dofir muss déi kämpferesch Astellung stëmmen. D'Equipe weess, dass se leschte Weekend net hire beschten Dag hat an ass gewëllt, sech muer Samschdeg besser ze verkafen.

#allezmaer