VICTOIRE AM TESTMATCH


13 February 2016

D'Jeunesse gewënnt mat 2-1 am Testmatch um Freidegowend géint Union Titus Péiteng. An der Paus stoung et 1-0 duerch e Goal vum Hugo Goncalves. Den 2-0 huet de Momar N'Diaye geschoss, ier Péiteng ronn 15 Minutte viru Schluss ob 1-2 verkierzt hunn.

Vun dëser Plaz aus eng séier an eng gutt Besserung un de Péitenger Spiller, dee mat enger Schellerblessur huet missen an d'Spidol gefouert ginn no engem Zesummeprall mat engem Matspiller.