VICTOIRE OP DER SAUER

Foto vun Albert Krier



21 July 2021

Eis Jongen wannen gëschter mat 7:0 bei der Union Mertert-Wasserbillig. D'Goaler goufen geschoss vun Maazou, Nouvier, Dos Santos, Deidda an Todorović. Dobäi koumen nach 2 Selbstgoaler.
Nächsten Rendez-vous ass en Samsten um 18h00 op der Grenz géint den Swift vun Hesper.
Ween wëll kann awer och en Freiden op den Training luussen kommen fir d'Equipe an Aktioun ze gesinn. Um Terrain niëwendrun spillt gläichzäitëg eis U23 géint d'1. Equipe vum FC Munsbach. D'Buvette ass op an den Grill brennt.
Merci Albert fir déng Fotoën!