VIRSTELLUNG VUN DER 1. EQUIPE MOAR SAMSCHDEG


01 July 2016

Moar Samschdeg, 2. Juli, stellt d'Jeunesse de Kader vun der 1. Equipe fir déi nei Saison vir. Des Presentatioun geet um 16 Auer an der Mall vun der "Belle Etoile" zu Bartreng, eisem Trikotsponsor, un a wäert ronn 45 Minutten daueren. D'Bühn steet nieft dem Kleedergeschäft "C&A" an dem Bistro "Black & White". Op der Plaz kënnen och verschidde Fanartikele vun der Jeunesse kaaft gi wéi zum Beispill nei T-Shirten, eng ganz speziell Comicfigur aus dem 3D-Drécker oder eben Tickete fir de Qualifikatiounsmatch an der Europa League géint St. Patrick's aus Dublin nächsten Dënschdeg. No der Virstellung bleift Zäit fir nach een zesummen ze drénken a sech auszetauschen. An eppes kënne mer iech elo scho garantéieren: Et geet kee mat eidelen Hänn heem.