WEIDER ZOUGÄNG


12 April 2016

D'Jeunesse freet sech d'nächst Saison kënnen ob de Robin Mertinitz an de Patrick Stumpf (riets) ze bauen. De Robin huet 25 Joer a spillt am lénksen offensive Mëttelfeld. En huet ënnert anerem an der däitscher Regionalliga mat Pirmasens gespillt a war 2009 däitschen U19-Meeschter mam Nowuess vum FSV Mainz. Hien huet fir 2 Joer ënnerschriwwen.



De Patrick ass zwee Joer méi al a spillt Zenterstiermer. Dës Saison huet en an der BGL Ligue bis elo aachtmol getraff. Och hien huet an der Vergaangenheet an der däitscher Regionalliga gespillt, bei der zweeter Equipe vu Kaiserslautern. De Patrick huet och fir 2 Joer ënnerschriwwen.



Allen zwee sinn dës Saison beim RM Hamm Benfica aktiv a waren absolut Wonschspiller vum Trainer Carlo Weis.



Copyright Fotoen: Fabrizio Munisso