WËLLKOMM MOMAR N'DIAYE


14 July 2015

D'Jeunesse Esch freet sech de Momar N'Diaye ob der Grenz begréissen ze kennen. De Momar gëtt eis am offensive Beräich mat senger grousser internationaler Erfahrung weider Variatiounsméiglechkeeten. En huet zwëschen 2008 an 2010 45 Matcher fir den FC Metz an der Ligue 1 gemaach an dobäi 5 Goaler geschoss. No zwou Statiounen an der 2. däitscher Bundesliga (RW Ahlen an FSV Frankfurt) huet en a China gespillt. Fir d'läscht war en beim FC Louhans-Cuiseaux an der CFA2 a Frankräich aktiv.



Den Trainer Carlo Weis konnt sech an de rezenten Testmatcher e Bild iwwert dem Momar säin Niveau maachen an ass iwwerzeegt, datt en eis weiderbrénge kann.



En huet um Dag vu sengem 28. Gebuertsdag fir 1 Joer bei eis ënnerschriwwen.



Foto: http://www.kicker.de/