WICHTËG NEWS


30 July 2021

No eiser 4:1-Victoire géint d'US Esch (Goaler: Deruffe, Klica 2, Maazou) steet moar ab 14h00 eist Stadionfest um Programm. Um 15h00 spillen eis Jongen do géint URSL Visé. Dono ass géint 17h30 d'Présentatioun vun eiser Equipe (Moderatioun: Laurent Schüssler). Am Kader vum Stadionfest kritt Där och eisen neien Magazine ze kaafen, d'Nummer 50, een Jubiläum also. Den ganzen Mëtten ass fir Iëssen an Gedrénks gesuërgt an "eisen" Kiko vun Zero Point Five këmmert sëch em d'Musék.
 
Fir dëst Fest sinn 300 Zuschauer ënnert dem Régime vum CovidCheck (Genesen, Getest, Geimpft = 3G) zougelooss. Bréngt w.ë.g déi néidëg Noweiser mam QR-Code mat. Bréngt Är Schnelltester mat fir an der Entrée ze maan. Déi éischt sinn vir, an wann den Maximum un Zuschauer erreecht ass, mussen mär zoumaan.
 
No der 0:1-Défaite géint den FC Noertzange H.F., spillen eis U23 haut um Terrain 2 an der Hiehl géint den FC The Belval Belvaux (19h30). D'Buvette ass op an den Grill brennt.
 
Mär sinn och frou matzedeelen, dass mär fir eis zwee éischt Heemmatcher vun der Santé jeweils 1.500 Zuschauer accordéiert kruuten. Weider Détailler (och iwwert d'Memberskoarten an d'Aboën vun der Saison 21/22) kommen do geschwën no.
 
#theempirestrikesback 
#allezmaer