ZIEL ERREECHT

Foto vun Ben Majerus



28 February 2016

D'Jeunesse gewënnt och den zweete Match vun der Réckronn mat 1:0. D'Objektiv vun den 31 Punkten ass erreecht. Des Kéier huet den Hugo Goncalves Fernandes de Goal vum Match zu Ettelbréck geschoss. Dat no enger schéiner Viraarbecht vum Bryan Mélisse. Eng Victoire, déi absolut an d'Rei geet. Den eenzege Virworf deen e ka maachen ass, datt eng vun dee ville ganz gudde Chancen hätte missen zum 2:0 an 3:0 ausgenotzt ginn. De Momar N'Diaye ass mat der beschter vun hinnen um Poteau vum Ettelbrécker Goal gescheitert. An der Schlussphase huet Ettelbréck alles no vir geworf, mee ausser engem Fräistouss an d'Säitennetz ass näischt derbäi erauskomm. Ob der Foto geséit deen dem Hugo séi Goal. Copyright Foto: Ben Majerus (benem.lu)



Opgepasst: den nächste Rendez-vous ass schonn dëse Freideg: Um 19.30 Auer geet et dann ob der Grenz géint den F91 Diddeléng. An dës Kéier gëtt et net méi esou einfach fir d'Gäscht wéi an der Coupe.